Wat ass nei um oli.lu ?
Rentrée 2015-2016
Mat dësem Update gi ganz vill Wënsch vu Schüler, Elteren an Enseignanten erfëllt.
Mir soe Merci fir äere Feedback a freeën eis op e produktivt Schouljoer 2015/2016.
Hei sinn déi wichtegst Neierungen:
|
|
Um ganze Site
 Den Design vum ganze Site gouf moderniséiert
 D'Struktur an d'Menüs si komplett iwwerschafft, sou dass de alles méi einfach fënns
 De ganze Site ass méi séier, well de Code weider optiméiert gouf
|
|
|
E-learning Apps
 Den Design vun allen Apps gouf iwwerschafft
|
|
Eidel Aarbechtsblieder drécken
 Du kanns elo eidel Blieder fir Tafelrechnunge generéieren
 Du kanns lénks oder riets vun engem Blat eng Këscht fir Kommentare maachen (praktesch zB fir Texter oder Aufsätz)
 Du kanns elo den Typ vum Blat och am 2te Schrëtt vun den Astellungen nach änneren
|
|
|
Rechnen
 Du kanns elo och Kommazuelen üben (mat bis zu 3 Stellen)
 Rechnunge mat Zehnerüberschreitung kënnen ausschalt ginn
 Rechnunge kënne progressiv méi schwéier ginn
 Op den Aarbechtsblieder gëtt elo dat richtegt Multiplikatiouns-Zeeche benotzt ("•" amplaz "x")
 Rechnunge mat réimeschen Zuele gi méi iwwersiichtlech duergestallt
 Du kanns elo och Hexadezimalzuelen üben
|
|
|
Tafelrechnungen
 Du kanns elo och Kommazuelen üben (mat bis zu 3 Stellen)
 Tafelrechnunge mat Zehnerüberschreitung kënnen ausschalt ginn
 Verbessert Multiplikatioun um Korrekturblat
|
|
|
Aueren
 Auere kanns de elo och online üben (bis elo ware just Aarbechtsblieder méiglech)
 D'Auswiel vun den Optiounen ass elo méi einfach
|
|
|
Geometrie
 Geometrie-Aufgaben kanns de elo och printen (bis elo war just online übe méiglech)
|
|
|
Rechemaueren an -haiser
 Béid Apps elo och mat Kommazuelen (bis zu 3 Stellen)
|
|
|
Sproochentrainer
 De Sproochentrainer ass elo a 4 verschidden Apps ënnerdeelt:
"Wierder ofschreiwen", "Wierder verhalen a schreiwen", "Wierderzalot" a "Wierder sichen"
 Du kanns elo Däitsch, Franséisch an Englesch üben
 Et ass elo och méiglech Korrekturblieder ze drécken
 Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen
|
|
|
Verben
 Du kanns elo Tipps/Hiweiser froen, wanns de e Verb net wees
 Voll Ennerstëtzung vu Franséisch, Däitsch an Englesch als Sproochen
 Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen
|
|
|
Vokabelen
 Du kanns elo Tipps/Hiweiser froen, wanns de e Wuert oder en Ausdrock net wees
 Ausgangs- an Zielsprooch kënnen elo fräi gewielt ginn (Franséisch / Däitsch / Englesch)
 Du kanns Vokabellëschten pro Lektioun elo als PDF drécken
|
|
|
Weltkaart a Fändelen
 Bei béiden Apps kanns de elo entweder weltwäit oder no Kontinent sortéiert üben
|
|
|
|
Virtuell Klass
 Den Design vun der virtueller Klass gouf komplett iwwerschafft
 E neie Wizard hëlleft, wann deng Astellunge net richteg oder net komplett sinn
 De neien "Tipps" Knäppchen erklärt der déi wichtegst Funktioune vu verschiddenen Apps
 Informatioune ginn an deene meeschten Apps elo nach méi iwwersiichtlech duergestallt
 Verbessert Duerstellung vun allen Informatioune wanns de als Schüler ageloggt bass
|
|
Feeds & Diskussiounen
 Den Interface an d'Duerstellung goufen iwwerschafft
 Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen
|
|
|
Schreibwerkstatt
 Menüs a Workflow si méi logesch a méi iwwersiichtlech
 All Text huet elo eng "Timeline" mat alle Backups a Snapshots
 Du kanns Texter elo a Kategorien andeelen
 Kategorie kanns de hierarchesch organiséieren
|
|
|
Medien, Dokumenter & Bréiwer
 Design an Interface goufen iwwerschafft
 Benotzer kënnen elo Beschreiwungen zu Dokumenter (zB Fotoen) verfaassen
 Zu all Dokument gëtt et elo e separate Feed fir Kommentaren ze schreiwen
 D'Duerstellung vun der Gestioun vu Bréiwer gouf verbessert
|
|
|
Wocheplang
 Du kanns Schüler elo och an der Säiteleescht uklicken
 Am Editor kanns de e puer Aufgabe gläichzäiteg aginn
 Am Editor kanns de Aufgaben vun engem Wocheplang an deen anere kopéieren
 Als Enseignant kanns de Dokumenter pro Aufgab eroplueden
 Den deegleche Fortschrëtt vun der Klass kann duergestallt ginn
 Optiméierten HTML Code mëcht déi ganz App méi séier
|
|
|
Zieler & Aufgaben
 Den Editor ass méi iwwersiichtlech
 Als Enseignant kanns de Dokumenter pro Aufgab eroplueden
 Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen
|
|
|
Evaluatioun & Portfolios
 Editor an Interface goufe weider vereinfacht
 Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen
|
|
|
Info & Hëllef
 Dës App gouf komplett iwwerschafft, mat Hiweiser op Tooltips a Setup Wizard
|
|
|
Kalenner
 Vakanzen a Feierdeeg vum Schouljoer 2015/2016 ginn elo ugewisen
 D'Duerstellung vu Kalenneren an Events ass verbessert
 Du kanns elo Kalenneren hierarchesch geréieren
 Bäimaachen a geréieren vun Events gouf komplett iwwerschafft
|
|
|
|
Publizéieren
|
|
Wiki
 Den Interface gouf weider vereinfacht
 Nei Funktioun fir Paragraphe bäizemaachen ass vill méi iwwersiichtlech
 Nei Layout-Funktioun mëcht den Opbau vu komplexe Säite méi einfach
 Neien Demo-Contenu mëcht et méi einfach ze gesinn, wéi Paragraphe funktionnéieren
 Nei Hëllefs-Funktiounen
 Bugfixes: all Feeler, déi gemellt goufen, sinn elo behuewen
|
|
|
Schoul- a Klassewebsite
 D'Haaptsäit ass méi iwwersiichtlech
 Neie File Manager fir Medien an Dokumenter
 Eng ganz Rei kleng Features, déi vun Enseignante gewënscht goufen, sinn elo online
|
|
 |
Du hues Suggestiounen?
Wann dir e Feeler opfällt, wanns du eng Iddi hues fir eppes ze verbesseren oder
wann dir eng Funktioun feelt, dann zéck net fir eis ze schreiwen!
|
 |
Du wëlls eng Présentatioun vum Oli?
Du bass Enseignant a wëlls déi wichtegst Saachen um Oli eng Kéier gewise kréien?
Kee Problem, mir bidde Présentatioune fir Schoulen a Klassen un, wou mir och ganz vill Froe beäntwere kënnen.
Kontaktéier eis, wanns de interesséiert bass!
|
 |
Du brauchs Hëllef mat der virtueller Klass?
Eis Tools sinn esou gemaach, dass ee meeschtens selwer eens gëtt.
Trotzdem ginn et heiansdos Froen oder Problemer (oft och organisatorescher Natur), wou een net direkt weider wees.
Zéck net eis ze mailen, wanns de Froen hues!
|