Blog

Neie UI fir d'Virtuell Klass

November 04, 2019
by jos

D'Virtuell Klass gouf komplett iwwerschafft, mat engem neie Tab-baséierte User-Interface fir all Apps, souwéi engem Live-Klasse-Feed um Dashboard.

D'Websäit-Tools vun der Virtueller Klass goufe komplett nei designed, all Säite vun der Klassen-Homepage sinn elo komplett personaliséierbar, an du kanns elo Blog Messagen direkt op der Preview-Säit vun dengem Site schreiwen an änneren. Fir all Blog-Noriicht kanns de entscheeden ob en op der Klassen-Homepage, op denger Schoul-Websäit, oder op béiden ugewise soll ginn.

All Learning Management System (LMS) Applikatioune bidden elo en Tab-baséierte User-Interface, an d'Wocheplang-App bitt och e neie Vollbild-Modus. All Screens sinn opgeraumt ginn fir méi e séieren Zougrëff op déi wichtegst Tools a Features ze garantéieren. De Media Manager bitt elo en direkten Zougang zu alle wichtege Verzeechnisser, a Verzeechnisser déi u spezifesch Schouljoer gebonne sinn kënnen elo automatesch generéiert ginn.

Wanns du Member vu méi wéi enger Virtueller Klass bass, da kanns du elo och eng Haapt-Klass uginn, déi dann ëmmer iwwer däi Benotzermenü erreechbar ass.

Déi ganz Virtuell Klass gouf och nach weider fir Tablets a Smartphones optimiséiert.

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli


Pour les étudiants

Apprenez en utilisant notre grande collection d’applications d'e-learning gratuites.
Communiquez, créez et publiez des projets, partagez vos connaissances.

Pour les parents

Créez des feuilles de calcul gratuites pour vos enfants, permettez-leur d'apprendre en ligne.
Mathématiques, langues, sciences, histoire, géographie, chimie, etc ...

Pour les enseignants

Créez des plans d’apprentissage et les fiches de travail, améliorez apprentissage individuel.
Gérez vos plans de travail, textes et documents dans une salle de classe virtuelle.