Inscription gratuite! |
BlogMam Oli vun doheem aus schaffenMarch 16, 2020by jos
Mam Oli kanns du als Enseignant oder SchülerIn vun doheem aus schaffen, du kanns Aarbechtsblieder an Exercicer maachen, an du kanns deng Aufgaben an enger Virtueller Klass geréieren. Alles dat hëlleft, an der aktueller Situatioun weider kënnen als Klass oder Schoul ze funktionéieren. D'Equipe vum Oli wäert dës Geleeënheet notzen, fir d'Plattform nach weider ze verbesseren. Mir schaffen all Dag drun, an du kanns eis roueg nei Iddien a Suggestioune schécken. Déi ganz Plattform ass och zimmlech gutt dokumentéiert, all wichteg Infos fënns du op den Hëllefssäiten. Och eise Support funktionéiert natierlech riicht weider, zéck net eis ze schreiwe wann s du Froen oder Problemer solls hunn. |