Utilisateur ou Curriel Mot de passe -Mot de passe oublié?Inscription
garder ma session active

Blog

Bildwörterbuch mat iwwer 1500 Biller elo online

January 09, 2018
by jos

Eist neit Bildwörterbuch fir Schüler, Elteren an Enseignanten ass elo online:

http://oli.lu/media/

Du kanns d'Biller fräi an denger Klass benotzen, zB fir Wierder ze erklären oder fir Aarbechtsblieder ze maachen. Mat eiser Suchmaschin kanns de och ganz einfach no Biller a no Iwwersetzunge sichen, an dat a 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch).

D'Suchmaschin bitt bei der Sich och Biller un, déi zu dengem Suchbegrëff passen. Dofir ass et och e flotten Tool fir no Wierder zu engem Thema ze sichen, oder zB fir Aufsätz oder Geschichten ze schreiwen. Déi meeschte Biller sinn ausserdeem als Ausmalbild disponibel.

Wanns du e Bild auswiels, da weist d'Suchmaschin der och déi verschidden Iwwersetzungen un. Dofir ass et och nach eng gutt Méiglechkeet fir Sproochen a Vokabelen ze léieren.

Doriwwer eraus ginn et dann och nach 2 nei Apps, déi op deene neie Biller opbauen. Mat der "Biller-Vokabelen" App kanns de Vokabelen a 4 Spoochen üben, mat der "Zielen" App léieren d'Kanner Biller am Zueleraum bis 100 zielen. Déi 2 nei Apps fënns de hei:

http://oli.lu/apps/vocpix/run/

http://oli.lu/apps/count/run/

En Update mat weidere Biller ass scho fir d'nächst Schouljoer geplangt. Wanns du der Meenung bass dass wichteg Biller feelen, da kanns du eis natierlech och gäere Suggestiounen eraschécken.

Vill Spaass mam neie Bildwörterbuch wënscht

Deng Equipe vum Oli

oli
update

Pour les étudiants

Apprenez en utilisant notre grande collection d’applications d'e-learning gratuites.
Communiquez, créez et publiez des projets, partagez vos connaissances.

Pour les parents

Créez des feuilles de calcul gratuites pour vos enfants, permettez-leur d'apprendre en ligne.
Mathématiques, langues, sciences, histoire, géographie, chimie, etc ...

Pour les enseignants

Créez des plans d’apprentissage et les fiches de travail, améliorez apprentissage individuel.
Gérez vos plans de travail, textes et documents dans une salle de classe virtuelle.
Advertisements
©2008-2018 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us