Utilisateur ou Curriel Mot de passe -Mot de passe oublié?Inscription
garder ma session active

Blog

Nei Sichmaschin ass elo online

January 31, 2018
by jos

Mir si frou matdeelen ze kënnen, dass eis nei Sichmaschin elo online ass. D'Engine gouf komplett nei geschriwwen, se weist méi genee Resultater a se gouf weider fir mobil Geräter ugepasst. Déi wichtegst Ännerunge sinn:

  1. D'global Sich weist elo Verben, Vokabelen a Biller aus dem Billerwierderbuch un.
  2. D'Sich an der virtueller Klass geet elo an enger eegener Fënster op a sicht no Apps, Biller, Wierder, Verben, Länner, Texter, Dokumenter, Bloganträg, Aufgaben a Schüler.
  3. D'Billerwierderbuch weist elo och Wortschatztreffer un.

Mir hoffen, dass déi nei Sich d'Produktivitéit op der ganzer Plattform nach weider verbessere wäert.

Vill Spaass domat wënscht

Deng Oli Equipe

oli
update

Bildwörterbuch mat iwwer 1500 Biller elo online

January 09, 2018
by jos

Eist neit Bildwörterbuch fir Schüler, Elteren an Enseignanten ass elo online:

http://oli.lu/media/

Du kanns d'Biller fräi an denger Klass benotzen, zB fir Wierder ze erklären oder fir Aarbechtsblieder ze maachen. Mat eiser Suchmaschin kanns de och ganz einfach no Biller a no Iwwersetzunge sichen, an dat a 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch).

D'Suchmaschin bitt bei der Sich och Biller un, déi zu dengem Suchbegrëff passen. Dofir ass et och e flotten Tool fir no Wierder zu engem Thema ze sichen, oder zB fir Aufsätz oder Geschichten ze schreiwen. Déi meeschte Biller sinn ausserdeem als Ausmalbild disponibel.

Wanns du e Bild auswiels, da weist d'Suchmaschin der och déi verschidden Iwwersetzungen un. Dofir ass et och nach eng gutt Méiglechkeet fir Sproochen a Vokabelen ze léieren.

Doriwwer eraus ginn et dann och nach 2 nei Apps, déi op deene neie Biller opbauen. Mat der "Biller-Vokabelen" App kanns de Vokabelen a 4 Spoochen üben, mat der "Zielen" App léieren d'Kanner Biller am Zueleraum bis 100 zielen. Déi 2 nei Apps fënns de hei:

http://oli.lu/apps/vocpix/run/

http://oli.lu/apps/count/run/

En Update mat weidere Biller ass scho fir d'nächst Schouljoer geplangt. Wanns du der Meenung bass dass wichteg Biller feelen, da kanns du eis natierlech och gäere Suggestiounen eraschécken.

Vill Spaass mam neie Bildwörterbuch wënscht

Deng Equipe vum Oli

oli
update

Website komplett iwwerschafft

December 11, 2017
by jos

Mir hunn de ganze Website elo nach eng Kéier komplett iwwerschafft. Villes gouf opgeraumt a nach méi iwwersiichtlech gemaach, sou dass déi ganz Plattform elo nach méi einfach ze notzen ass.

Gläichzäiteg ass de Site préparéiert ginn fir e puer nei Saachen, déi Ufank 2018 online goe sollen.

Vill Spaass a vill Erfolleg mam Oli wënscht weiderhin

Deng Equipe vun oli.lu

oli
update

Iwwer 200 Verbesserungen a nei Funktioune fir d'Rentrée!

October 26, 2017
by jos

An de leschten 3 Méint hu mir vill um Oli geschafft, fir d'Plattform nach méi performant a nach méi benotzerfrëndlech ze maachen.

D'virtuell Klass gouf komplett iwwerschafft, a mat der neier "Klassebuch" Web-App kanns du elo och Buch iwwer deng Aktivitéite féieren, Hausaufgaben androen, Absence notéieren, a villes méi.

Deng eege Klass kanns du elo och ganz einfach um Oli publizéieren – mat News, Fotoen, Texter, Stonneplang, a villem méi. Dat klappt natierlech och, wanns du nach keng Schoul-Websäit um Oli hues.

Eng Iwwersiicht iwwer all nei Funktioune fënns de hei:

http://oli.lu/blog/news/201709/

All dës Neierunge si natierlech souwuel vum oli.lu wéi och um oli.education.lu disponsibel. Wanns du den oli.education.lu benotz, da gi wéi gewinnt deng Klass an deng Schüler am neie Schouljoer automatesch aus dem Scolaria iwwerholl. 

Vill Spaass a vill Erfolleg mam Oli wënscht weiderhin

Deng Equipe vun oli.lu

oli
update

Alles prett fir d’Rentrée 17/18

September 14, 2017
by jos

Mir wënschen alle Schüler an Enseignanten e gudde Start an dat neit Schouljoer.

Um Oli ginn et dann och eng ganz Rei Verbesserungen, ënner anerem hu mer d’virtuell Klass komplett iwwerschafft, sou dass alles vill méi iwwersiichtlich ginn ass. Mir soen all deene Merci, déi den Oli benotzen a virun allem och deenen, déi eis Feedback ginn hunn fir esou d’Plattform weider ze verbesseren!

Vill Erfolleg mam Oli am neie Schouljoer wënscht demno

Deng Equipe vum Oli.lu

oli
update

History & Milestones

Pour les étudiants

Apprenez en utilisant notre grande collection d’applications d'e-learning gratuites.
Communiquez, créez et publiez des projets, partagez vos connaissances.

Pour les parents

Créez des feuilles de calcul gratuites pour vos enfants, permettez-leur d'apprendre en ligne.
Mathématiques, langues, sciences, histoire, géographie, chimie, etc ...

Pour les enseignants

Créez des plans d’apprentissage et les fiches de travail, améliorez apprentissage individuel.
Gérez vos plans de travail, textes et documents dans une salle de classe virtuelle.
Advertisements
©2008-2018 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us